Wee Waa heescht e Nascht an Australien, wou just 2000 Leit wunnen, a wou just eng Kéier d’Joer eppes lass ass. T’ass sou eng Art Landwirtschafts-Foire, a genee do wäerten Daft Punk de 17.Mee hire neien Album „Random Access Memories“ virstellen. Tescht Déierendéfilé’en, Aaxt-Concours’en a Freedefeier presentéiert de franséischen Elektro-Duo der Welt via Livestream säi laangerwardte Longplayer. Sou ganz offiziell konfirméiert ass nach näischt, mä Sony Australia huet schonn den Internetdomain „daftpunkweewaa.com“ reservéiere gelooss.