De nächsten Album vu Beady Eye wäert den 10.Juni op de Marché kommen. An de Liam Gallagher versprëcht e ganz neie Sound – responsabel dofir ass de Producer Dave Sitek, dee vill a gären experimentéiert, a sech net u Reegelen hält. Déi Outlaw-Mentalitéit huet dem Gallagher gefall. Bei de neie Beady Eye Lidder gouf z.B. mat Sampler, mat ale Kassetten a mat iPhone Apps geschafft. Den Titel vum neien Album ass dogéint manner kreativ – en heescht kuerz a knapp „BE“.