Hotelbranche: Merci, Musekfans!

Fans déi op Musekfestivaler ginn, suergen europawäit fir risegen Zoulaf an den Hoteller

Leschten Update: 15.04.2013, 12:40:29

 Hoteler a ganz Europa, déi an der Géigend vu gréissere Musekfestival leien, hunn deelweis e riisege Plus bei de Buchungen ze verzeechnen. D’Fans sinn de Moment europawäit amgaang, hir Festivalsaison ze plangen, Doropshin huet en Internetsite fir Hotelreservatiounen d’Zuele vun 2012 mat deenen aktuelle verglach. Zu Porto war et fir de Primavera Festival z.B. e Plus vun 116%. Den Optimus Alive zu Lissabon suergt fir 325% méi Zoulaf an den Hoteller – mä de Vull ofschéissen di se zu Zagreb a Kroatien: wéinst dem INMUSIC Festival sinn d’Buchungen em wahnwitzeg 1500% an d’Luucht gaang!