„Made in America“: Beyoncé, NiN, QOTSA

Grandiose Line-Up fir di 2.Editioun vum Jay-Z sengem “Made in America” Festival

Leschten Update: 15.04.2013, 13:39:20

© AFP

Enn August fënnt zu Philadelphia di 2. Editioun vum Jay-Z sengem “Made in America” Festival statt. An de Line-Up ass vum Feinsten: virop dem Här seng Madam, d’Beyoncé Knowles. Weider Headliner si Nine Inch Nails a Queens of the Stone Age. Desweidere wäerte Phoneix optriede, grad sou wéi z.B. de Calvin Harris, Empire of the Sun, Gaslight Anthem, Public Enemy, de Macklemore, d’Emeli Sandé, Rudimental an den Deaudmau5. Dem Jay-Z säin Ziel ass, de Fans souvill verschidde Musekstiler wéi méiglech ze presentéieren.