Metallica: Rock China

D’Rockstare spillen am August hiren alleréischte Concert a China

Leschten Update: 07.06.2013, 09:49:21

© afp

Während 31 Joer si Metallica an sou zimlech all Wénkel vun der Äerd gewiescht fir e Concert ze ginn. Den 13.August steet dann awer nach eng Premiere un – d’Metalband wäert hiren alleréischte Concert a China ginn. D’Land ass jo méi oppe ginn géintiwwer westlechen Artisten, sou dass Metallica da lo zu Shanghai dierfen optrieden. Enn September wäert dann och nach de laang erwaarte Metallica 3D Film Premiere feieren.