London: Weem gehéiert di Statue?

Op engem Dreckstipp gouf en Ivor Novello Award fonnt, deen awer keen vermësst

Leschten Update: 10.06.2013, 11:16:33

© music.uk.msn.com

Zu London gouf elo op engem Dreckstipp en Ivor Novello Award fonnt. Problem: et vermësst keen sou eng Statue. Di bronzen Auszeechnung gëtt all Joer un di beschte Songwriter verliehen, a gëllt als prestigiéisen Award. Vun offizieller Säit heescht et entretemps, des Statue wier viru 16 Joer verschwonnen, a just e Prototyp, deen net un en Artist verliehe gi wier. Trotzdem géifen se sech awer freeën, di Statue zeréck ze kréien!