Lenny Kravitz: Howdy!

Gemëscht Reaktioune bei Iwwerraschungsoptrëtt op engem Country-Festival

Leschten Update: 11.06.2013, 10:28:23

© afp

De Lenny Kravitz war zu Nashville Iwwerraschungsgaascht op engem Country-Festival. Eng hallef Stonn laang huet den Optrëtt gedauert, an de Kravitz huet Hitte wéi „Fly away“, „Always on the Run“ an „Are you gonna go my Way“ gespillt. Net begeeschtert waren di ronn 50.000 Country-Fans vu senger 15 Minutte laanger “Let Love rule” Versioun. De Kravitz war siichtlech frustréiert. Besser ukomm beim Publikum si Sheryl Crow, Jason Mraz a Kid Rock, déi och Iwwerraschungsgäscht waren.