Justin Timberlake: Europa!

Mat senger “20/20 Experience World Tour” kënnt den JT 2014 och an eis Géigend

Leschten Update: 11.06.2013, 10:31:03

© afp

Dem Justin Timberlake säin Agenda ass gutt gefëllt. Am Summer geet de fréieren NSYNC Sänger an Amerika mam Jay-Z op Tour. Enn September kënnt dann den 2.Deel vu sengem Comeback-Album „The 20/20 Experience“ op de Marché uschléissend geet en domat op Welttournée. Dëss wäert Enn Oktober a Kanada ufänken, a bis Februar a Nordamerika bleiwen. Duerno kënnt den Timberlake mat där Tour an Europa. Genee Datume sti nach net fest – bis elo geet och just rieds vun Optrëtter a Groussbritannien, mä ween weess, vläiiicht kënnt en jo och op Lëtzebuerg....