UK: Nummer 1 an der Welt

Britesch Artisten hunn 2012 weltwäit am meeschten Albume verkaaft

Leschten Update: 11.06.2013, 10:36:10

© afp

Mat méi wéi 13% vun de globalen Albumverkeef ware britesch Artisten di erfollegräichste vum Joer 2012. D’Adele a One Direction ware virop, an hunn zesummen 3 Albumen ënnert den Top 5. Bis Plaz 20 sinn och nach Mumford & Sons, den Ed Sheeran an d’Emeli Sandé vertrueden. Mat „21“ vum Adele war et di éischte Kéier, dass en Album 2 Joer hannerteneen dee weltwäit meeschtverkaafte war. Britesch Musek ass zanter Joren ugesot op eisem Planéit – an de leschte 7 Joer koum de beschtverkaaften Album vum Joer 6x aus Groussbritannien:

2012 Adele 21

2011 Adele 21

2010 Eminem Recovery

2009 Susan Boyle I Dreamed A Dream

2008 Coldplay Viva La Vida

2007 Amy Winehouse Back To Black