
© afp
Den Eric Clapton ass mat sengem aktuellen Album op Tour. Wéi op senger Facebook-Säit ze liese steet, huet den EC huet awer lo seng Optrëtter zu Wien an zu Stuttgart mussen ofsoe, wéinst Réckwéi. De Clapton ass de Moment a Behandlung, hofft sou séier wéi méiglech op de Been ze sinn, an huet sech natierlech bei senge Fans fir d’Ofso entschëllegt. Et heescht, op de Virverkafsplaze krit ee säi Geld fir den Ticket zréck. Ob d’Concerte nogeholl wäerte gi, steet nach net fest. Den Optrëtt iwwermuer zu Oberhausen soll wéi geplangt stattfannen.