Mumford & Sons: Gehiroperatioun

De Bassist vun der Folkband huet urgent mussen operéiert ginn – Tour ënnerbrach

Leschten Update: 12.06.2013, 10:05:34

© afp

Mumford & Sons hunn hir aktuell Amerikatour mussen ënnerbriechen. De Bassist Ted Dwane war mat Kappwéi an d’Klinik, wou festgestallt gouf, dass heen e Bluttgerënsel am Gehir hat. Dëst gouf direkt erausoperéiert, an et heescht, dem Dwane géif et nom Agrëff gutt goen. 3 Concerten hu Mumford & Sons elo mol annuléiert – laut offiziellem Communiqué sollen et awer di eenzeg bleiwen.