
© afp
Wann d’Festivalsaison erduerch ass, wäerte Bloc Party sech trennen. Opmannst fir 6 Méint – vläicht awer och fir 1 oder 2 Joer. Dat hänkt dovun of, ween vun de Membere wéi eng Solo-Projeten start, sou de Gittarist Russell Lissack an engem Interview. Op hirer aktueller Tour hätten se et net ëmmer einfach mateneen, dofir maache se lo no 2009 e weidere Break. Um Rock-A-Field wäerten se awer nach optrieden – hire Concert ass fir sonndes owes kuerz no 9 Auer geplangt.