D’Fans hate sech scho Suerge gemaach – ofgesoten Tour, Kaméidi an der Band, et gouf iwwert eng Opléisung vun de Kings of Leon spekuléiert. Mä nee, d’Grupp huet sech um Rimm gerappt, ass an de Studio gaang, a mat „Mechanical Bull“ steet elo hire 6.Album an de Startlächer. D’Inspiratioun zum Numm vun der Scheif koum vum 80er John Travolta Film „Urban Cowboy“. Eigentlech wollten se e richteg erwuessenen Album maachen, mä um Enn kléngt en awer éischter jonk. Dat soe Kings of Leon op alle Fall mol selwer – de 24.September kënne mir eis dann dovun iwwerzeegen, da kënnt „Mechanical Bull“ op de Marché.