Bon Jovi: Opléisung?

Sträit tëscht der Band an dem Gittarist Richie Sambora geet weider

Leschten Update: 14.06.2013, 15:42:53

© AFP

Virun 2 Méint hat de Richie Sambora, wéi et heescht, wéinst private Problemer, Bon Jovi musse verloossen. Zanterhier zermaulen heen an den Jon Bon Jovi iwwert d’Press. Dat goung lo scho sou wäit, dass den Jon sot, een The Edge wier bei U2 wesentlech méi schwéier z’ersetzen. De Sambora huet doropshin geäntwert: dann engagéiert heen... Pläng, hire Gittarist erëm z’engagéieren, hu Bon Jovi anscheinend net. Villméi fäert munch Insider, dass d’Band sech wéinst dem Gestreids geschwënn kéint opléisen.