
Déi franséisch Kënschtlerin Orlan.© AFP
D'Orlan huet d'Lagy Gaga virun engem Geriicht zu Paräis ugesicht, wëll sie der Meenung ass, dass d'Lady Gaga d'Idee fir de Cover zum Album "Born This Way" an de Video aus dem Joer 2011 bei hier geklaut hätt. Et géif sech dobäi ëm eng Kopie vun der Skulptur "Bumpload" handelen. Deemno freet d'Kënschtlerin e Schuedenersaz vun 31,5 Milliounen Dollar, also ronn 23,5 Milliounen Euro. Déi 66 Joer al Grënnerin vun der "Kierperkonscht", déi sech ënner anerem och Stir-Implantater asetze gelooss huet, verlaang donieft dass de Video net weider gewisen an den Album net weider dierf verkaf ginn.