
© afp
De Brian May, legendäre Gittarist vu Queen, huet sech viru kuerzem mam Psy getraff, an ass iwwerzeegt, dass de Koreaner kee One-Hit Wonder bleiwt. Dem Psy seng Inspiratioun fir Museker ze gi, ware Queen. Entretemps huet en 6 Albumen um Marché, an ass dank dem „Gangnam Style“ e Weltstar. Béid Männer wëlle lo zesumme schaffen – wéi genee déi Kollaboratioun wäert ausgesinn, ass nach ongewëss, mä Pläng hu se op alle Fall, an e gemeinsamen Optrëtt steet wuel och scho fest.