Keen Enn a Siicht fir d’Adele... D’Sängerin däerf sech elo offiziell “Member of the Most Excellent Order of the British Empire” nennen. D’Sängerin krut den Uerden héchstperséinlech vun der Queen verliehen. E weideren Highlight also am Liewe vum Adele, dat an de leschten 12 Méint e Kand gebuer huet, de Grammy, den Oscar, de Golden Globe an de Brit Award gewonnen huet. Bleift net méi vill iwwreg fir dat Joer nach ze toppen...!