Jay-Z: Zäit fir nei Reegelen

De Rapper verschenkt via App 1 Millioun mol säi neien Album

Leschten Update: 17.06.2013, 15:16:47

© afp

Am Juli wäert dem Jay-Z säin 12.Album op de Marché kommen. Punkto Promotion vu „Magna Carta Holy Grail“, sou den Titel vum Album, solle nei Reegelen agefouert ginn, sou de Rapper. De 24.Juni wäert eng App fir Samsung Galaxy Smartphonen erauskommen, op där sech di éischt Millioun Leit de neien Album gratis kënne eroflueden. Den Jay-Z wëllt e neie Streaming-Service fir seng Musek aféieren. Leider gëllt des Offer, de Moment op alle Fall mol nach, just fir Amerika.