Rea Garvey: Aus bei “Voice of Germany”

Den Ex-Reamon-Sänger wëllt am Hierscht e neien Album erausbréngen

Leschten Update: 18.06.2013, 10:32:49

© facebook

An der drëtter Staffel vun „The Voice of Germany“ wäert de Rea Garvey net méi am Jury sëtzen. An engem offizielle Statement vu Sat.1 heescht et, de Rea kéint am Hierscht net méi als Coach dobäi sinn, well heen sech erëm méi ëm seng Musek wéilt këmmeren. E neien Album ass an der Pipeline. Méiglecherweis bleift de Garvey net deen eenzegen, deen de Jury verléisst. Et gëtt Gerüchter, dass och d’Nena säi Stull wéilt raumen.