Mumford & Sons: Eise Bassist huet wierklech e Gehir

Gehiroperatioun gutt iwwerstane – Band a Bassist huelen et mat Humor

Leschten Update: 18.06.2013, 10:37:21

© mumfordandsons.com

Den Ted Dwane, Bassist vu Mumford & Sons, ass no senger Gehiroperatioun erëm gesond a monter, an huet d’Spidol dierfe verloossen. Op der Band-Homepage ass eng Foto vun him mat raséiertem Kapp online. D’Grupp an den Ted soe merci fir di grouss Ënnerstëtzung vun hire Fans. Op hirer Facebook-Säit huele Mumford & Sons di iwwerstanen Operatioun souguer mat typesch briteschem Humor: „Ëmmerhin ass lo medezinesch bewisen, dass den Ted effektiv e Gehir huet!“. Wann alles gutt geet, wäert de Bassist Enn des Mounts rëm mat senger Band op der Bühn stoen.

© mumfordandsons.com