Jay-Z: Séierste Platin-Auszeechnung ever

Neien Album vum Rapper krit dank Samsung-Deal scho virum Release Platin

Leschten Update: 18.06.2013, 10:38:29

© afp

Gëschter hate mir iech jo gesot, dass den Jay-Z Ufank Juli säi neien Album via App fir Samsung Galaxy Smartphonen als Gratis-Download ubitt. Eng Millioun Leit wäerten dovun an de Genoss kommen. An den Jay-Z huet sou schonn automatesch, virum Release vum Album, eng Platin-Auszeechnung sécher. Samsung huet di Millioun Albume nämlech fir 5 Dollar d’Stéck kaft, a ginn se da weider un déi Leit, déi di nei App eroflueden. Sou gëllen se offiziell als verkaaft, an d’Platinauszeechnung ass gerechtfäerdegt. Eng clever Geschäftsiddi vum Jay-Z, déi eventuell vun aneren Artiste wäert nogemaach ginn.