Bryan Adams: Back to Luxembourg

De kanadesche Rockstar trëtt den 21.September an der Philharmonie op

Leschten Update: 18.06.2013, 16:46:15

© facebook

De Bryan Adams kënnt zréck op Lëtzebuerg. De kanadesche Rockstar wäert den 21.September mat senge gréissten Hits an der Philharmonie um Kierchbierg optrieden. Ouni grouss Band, just heen a seng Gittar, quasi eng Art Unplugged Concert. D’Fans si sou begeeschtert vun däer aktueller “Bare Bones Tour”, dass den Adams schonn e Live-Album erausbruecht huet, wou di beschte Matschnëtter vun där Solo-Performance-Tour drop sinn. De 25.Juni fänkt op philharmonie.lu de Virverkaf un – onbedéngt den Datum an ärem Kalenner rout usträichen!