
© EMI
Pink Floyd hate viru kuerzem ugekënnegt, hir gesammelt Wierker bei Spotify online ze setzen, ënnert der Konditioun dass de Klassiker „Wish you were here“ méi wéi eng Millioun mol gelauschtert gëtt. No 4 Deeg war déi Zuel schonn errécht, sou dass de ganze Pink Floyd-Katalog elo op Spotify ze fannen ass. Engem offizielle Statement no hu béid Säiten eppes dovun: Spotify kréie méi Klicks, a Pink Floyd erreechen di nei a jonk Generatiounen, déi hir fantastesch Musek nach net sou kennen.