D’Rihanna ass de Moment déi Artistin, där hir Videoen op YouTube am meeschten ugeklickt ginn. Mat 3.784 Milliarde Klicks huet d’Rihanna den Justin Bieber em gutt 2 Millioune Viewer iwwerholl. Op Plaz 3 kënnt de Psy mat 3.1 Milliarde Klicke, virum Eminem mat 2.4 Milliarden. Donieft heescht et, dass d’Rihanna nach ëmmer net iwwert d’Trennung vum Chris Brown ewech ass. D’Sängerin wëllt sech elo professionell Hellëf froe bei enger Aart „Dokter géint Liebeskummer“. No Gespréicher mat Frënn an engem Psychotherapeut soll de Mann d’Rihanna da lo mental vum Brown ewech kréien.