
© afp
20 Joer sinn et entretemps hir, dass zu London de Schwaarze Stephen Lawrence op oppener Strooss vu Rassisten ëmbruecht gouf. Zanterhier si weider 106 Leit duerch ähnlech Ëmstänn gestuerwen. Mä di leschten 20 Joer gouf mat Hëllef der Fondatioun vum Stephen senger Mamm vill géint rassistesch Iwwergrëffer gemaach, a fir d’Saach och no 20 Joer weider z’ënnerstëtze, wäert de 29.September e grousse Concert stattfannen an der O2 Arena. Mat vun der Partie sinn ënnert anerem d’Emeli Sandé, de Labrinth, de Plan B, den Jamie Cullum, d’Jessie J an den Ed Sheeran.