Beyoncé: A sécheren Hänn

D’Sängerin ass bei engem Optrëtt zu Sao Paulo a Brasilien vun engem Fan bal vun der Bühn erofgezu ginn

Leschten Update: 17.09.2013, 10:46:28

© afp

D’Beyoncé Knowles ass am Backstage anscheinend eng fuerchtbar Diva – op der Bühn awer e Star fir unzepaken. Um Concert zu Sao Paulo a Brasilien huet dat e Fan awer ë bëssen ze wuertwiertlech geholl. Während dem Lidd „Irreplaceable“ hat d’B sech kuerz no ënne bei di éischt Rei gebéckt, wéi e stiermesche Fan d’Sängerin ëmäermelt, a bal an de Publikum gezunn huet. D’Security war séier op der Plaz, a kengem ass eppes geschitt. Net di éischte Kéier, dass dem Beyoncé sou e Malheur op der Bühn passéiert ass: a Kanada war et mat den Hoer an e Ventilator geroden, an a Skandinavien hat e Fan em eng mat der flaacher Hand op den Hënner ginn.