Soul Train Awards: And the Nominees are…

Kendrick Lamar 6x fir e Soul Train Award nominéiert – R.Thicke, J.Timberlake a C.Brown krute je 5 Nominéierungen

Leschten Update: 18.09.2013, 10:46:43

© facebook

“Soul Train” war an Amerika eng Kult-Museksendung op der Tëlee, an där et ëm Soul, Funk, RnB an Hip Hop goung. D’Show, di an de 70er entstane war, gëtt et entretemps net méi, mä hire Numm huet iwwerliewt. Zanter 1987 ginn d‘“Soul Train Awards“ verliehen. Di nächst Zeremonie ass den 8.November – bescht Chancen huet de Kendrick Lamar mat 6 Nominatiounen. De Robin Thicke, den Justin Timberlake an de Chris Brown goufe jeeweils 5x nominéiert, an d’Janelle Monae 4x.