Madonna: Konscht fir Fridden

Queen of Pop presentéiert neie Konschtprojet, an deem jiddereen eppes iwwer Ongerechtegkeet an der Welt däerf maachen

Leschten Update: 18.09.2013, 11:01:39

© afp

D’Madonna wäert de 24.September e 17 Minutte laange Film mam Titel „secretprojectrevolution“ presentéieren. Dat ass den Optakt vu senger neier „Art for Freedom“ Initiativ. De Film hëllt eis ënnert d’Lupp – e stellt eist Liewen a Fro, wéi mir mat aneren ëmginn, gesellschaftlech Themen, an och d’Aart a Weis, wéi Regierunge fonctionnéieren. Et ass eng Zort ëffentleche Konschtprojet, un deem jiddereen deelhuelen däerf. Do kann een z.B. seng Meenung lass ginn iwwer d’Ongerechtegkeet an d’Intoleranz an der Welt, sous forme vu Video, Musek, Foto oder Poesie. Mat Hëllef vu kreativem Denke soll sech eppes an der Welt veränneren, hofft d’Madonna. D’Kraaft vun der Konscht kann zu méi Fridde féieren.