D’Alicia Keys huet viru kuerzem eng Party geschmass, fir d’Enn vum Summer ze feieren. Zesumme mat Kollege sinn hatt a säi Mann owes spéit an der Ëmgéigend vu New York an e Luxushaus gefuer, dat se fir d’Party gelount haten. Problem: si hate sech, ouni et wëssen, an der Hausdier geiert. Opeemol koum matten an der Nuecht eng verschlofe Fra d’Trap eran, déi net schlecht gestaunt huet, wéi e Musekstar an hirer Stuff stoung, Party ze maachen. Alicia a Co ware grad sou iwwerrascht. D’Fra hat gemengt, hir Duechter wier mat Kollegen heem komm. Si huet et mat Humor geholl, an e Patt matgedronk…