D’P!nk ass vum Billboard Magazine zur Fra vum Joer gewielt ginn. Säin aktuelle, 6.Studioalbum “The Truth about Love”, war säin éischte Nummer 1 Album an den USA, dëse war och fir e Grammy nominéiert, d’Singleauskopplunge gi rop a rof gespillt op de Radioen, a seng aktuell Welttournée ass wéinst der grousser Nofro op 140 Concerten erweidert ginn. Alles zesummegerechent ass d’P!nk bis elo di erfollegräichste Sängerin vum Joer, an dowéinst soten d’Billboard-Leit „Du bass eis Fra vum Joer“. Den 10.Dezember wäert de „Billboard Women in Music“ Event zu New York stattfannen.