Eng Universitéit am Michigan huet elo eng Statue musse ewechrappen, well ëmmer méi Studenten sech drugehaangen hu, fir dem Miley Cyrus säi „Wrecking Ball“ Video z’imitéieren. Un där Statue war eng ähnlech Bull drun wéi mir se aus dem Musekclip kennen, an d’Studenten hu sech e Spaass draus gemaach, wéi d’Miley do drun ronderëm ze turnen. Den Offizielle vun der Grand Valley State University goung dat ze wäit – bis op weideres hu se d’Bull ofmontéiere gelooss.