Grammy: Nominees Concert

De 6.Dezember ginn d’Grammy-Nominatioune presentéiert – am Kader vun engem Concert

Leschten Update: 20.09.2013, 10:59:59

© afp

De 26.Januar ginn zu Los Angeles d’Grammyë verginn – de wichtegste Musekspräis vun der Welt. De 6.Dezember bréngt de Kleeschen d’Nominatiounen – a sou wéi mir dat vun den Amerikaner gewinnt si, ginn déi net just einfach iergendwou virgelies. Si maachen doraus e ganzen Event – fir di 6.Kéier wäert de „Grammy Nominees Concert“ stattfannen. Lescht Joer stoungen z.B. Maroon 5 an de Ne-Yo op der Bühn. A natierlech och dëst Joer gi sech rëm grouss Optrëtter erwaard, vu fréiere Grammy-Gewënner, a vu méigleche neien. Bis déi Lëscht erauskënnt, wäerte nach puer Deeg vergoen.