Mat knapp 4 Milliounen am Schnëtt waren d’Zuschauerquote vun der leschter DSDS-Staffel net grad immens. Mat Hëllef vun engem neie Konzept an engem neie Jury soll den Trend no ënne gestoppt ginn. D’Sängerin vu MIA, d’Mieze, an de Rapper Kay-One gëllen als wahrscheinlechst Kandidaten, fir d’Kaulitz-Bridder z‘ersetzen. Weider Nimm, déi zirkuléiere, sinn DJ Antoine a Mandy Capristo (Ex-Monrose-Member). Detailer iwwert d’Ännerungen um Konzept si nach geheim. Fest steet just, dass di 2 vun Tokio Hotel, an de Mateo vu Culcha Candela net méi wäerten untrieden.