D’Rihanna an d’Madonna hunn et virgemaach – an d’Jessie J zitt no. Fir di éischte Kéier wäert eng britesch Sängerin live op Facebook hir nei Single presentéieren. D’Jessie J huet dat via Videomessage op der Wall vu senger Facebooksäit annoncéiert. Nächsten Donneschde Nomëtten um 4 Auer wäert hatt an de Facebook-Büroen dat Geheimnis verroden, an direkt duerno d’Lidd och live spillen. Säi neien Album „Alive“ kënnt schonn dëse Weekend op de Marché.