Den James Blunt gëtt haut an enger Woch zu London e klenge Concert. Vu dass d’Location immens kleng ass, huet den James decidéiert, d’Tickete fir d’Show via Internet unzebidden, fir dass jiddereen di selwecht Chancen huet. Op live.jamesblunt.com kënnt dir iech nach haut umellen, an am Fall wou d’Lous iech dann treffe sollt, krit dir iwwermuer eng Mail, mat der gudder Noriicht, dass dir 2 personaliséiert Ticketen zougedeelt krut. Op deem Concert wäert den James virun allem Material vu sengem neien Album „Moon Landing“ spillen, deen den 21.Oktober wäert erauskommen.