Las Vegas: Mega Festival

Den Who is Who vun haut a gëschter live um iHeart Radio Festival zu Las Vegas

Leschten Update: 23.09.2013, 10:31:35

© afp

Mega Line-Up lo de Weekend um iHeart Radio Festival zu Las Vegas. Den Optakt vum Owend huet de Paul McCartney gemaach, mat engem Mix aus alen a neie Lidder. Maroon 5 koumen duerno, suivéiert vum Justin Timberlake, dee scho puer Lidder aus sengem neien Album presentéiert huet. Nächste Superstar op der Bühn war de Bruno Mars, deen sech fir säi Superbowl-Optrëtt waarm gemaach huet. Weider goung et duerno mam Drake, mat Phoenix, mat 30 Seconds to Mars, mam Miley Cyrus a mam Kesha, dat mam Joan Jett en Duett gesongen huet.