Mumford & Sons: Bandpaus

Grupp ëm de Marcus Mumford setzt fir onbestëmmten Zäit aus – si brauchen einfach eng Paus

Leschten Update: 23.09.2013, 10:35:18

© afp

Mumford & Sons gi getrennte Weeër – virleefeg op alle Fall mol. D’Band ëm de Marcus Mumford brauch einfach eng Paus. Wéi laang déi dauere wäert, kënne se nach net soen. Nom ganze Stress vun de leschte Méint a Jore brauchen si alleguer mol Zäit fir sech an fir hir Familljen. Nom virleefeg leschten Optrëtt lo de Weekend huet de Keyboardspiller Ben Lovett gesot, et géif sech sou ufille wéi di lescht Woch Schoul virun der grousser Vakanz. Hoffe mer, dass se dann awer net all ze laang wäert daueren....