John Lennon: Bermuda App

Dem John Lennon seng lescht Rees op d’Bermudas kënnt Dir via interaktiv Album App erliewen

Leschten Update: 24.09.2013, 11:50:34

© afp

„John Lennon: The Bermuda Tapes“ heescht eng App, déi Dir vum 5.November un am iTunes App Store erofluede kënnt. Et handelt sech hei em eng interaktiv Album App, déi et erméiglecht, dem John Lennon seng lescht Rees op d’Bermuda-Inselen no z’erliewen. 1980, a sengem leschte Liewensjoer, waren do Biller, Lidder a Konscht entstanen, an Zesummenaarbecht oder inspiréiert vu senger Fra Yoko Ono. Dës steet och komplett hannert där App, a suergt dofir, dass sämtlecht Geld, dat domat erakënnt, fir e gudden Zweck gespent ginn.