Hamburg: Reeperbahnfestival

4 Deeg, 300 Gruppen aus 35 Länner, matten op St. Pauli

Leschten Update: 24.09.2013, 12:00:01

Vu muer un, bis e Samschde nach mat, ass zu Hamburg de Reeperbahnfestival. T’ass di éischte Kéier, dass dëse Festival, dee matten a St. Pauli stattfënnt, iwwer 4 Deeg geet. Méi wéi 300 Concerte vu Band aus 35 verschiddene Länner stinn um Programm. Et trieden z.B. op d’Kate Nash, d’Birdy, den James Blunt, Kettcar an d’Shout out Louds. Nieft Musek geet et um Reeperbahnfestival awer och vill ëm Konscht a Kultur – de ganze Programm fannt dir op www.reeperbahnfestival.com