Jake Bugg: Shangri La

Mëtt November kënnt dem Jake Bugg säin 2.Album op de Marché – benannt nom Producer sengem Studio

Leschten Update: 24.09.2013, 12:38:52

© afp

13 Méint no sengem Debutalbum bréngt den Jake Bugg Mëtt November säin 2. Longplayer raus. Titel: Shangri La - benannt nom Kultproducer Rick Rubin sengem Studio zu Malibu, wou den Album entstan ass. En ass an engem Stéck agespillt ginn, quasi also e Live-Album, ebe just am Studio, a net op engem Concert opgeholl ginn. Sou kéim ë bësse méi Magie dran, sot den Jake an engem Interview. Dass den Album sou séier nom éischte kënnt, läit dodrunner, dass heen am Fong ëmmer d’Gittar bei Hand huet, an di vill komesch Saachen, déi heen op Tour erlieft, a Lidder verschafft.

1.Single aus dem Jake sengem neien Album: "What doesn't kill you"