Dat ass wuel d’Bonne Action vum Dag – d’Taylor Swift huet bei engem Concert zu Nashville e klengt Meedche vu 7 Joer hannert d’Bühn invitéiert. U sech net direkt ongewéinlech, mä an dësem Fall awer – schonn am Summer wollt dat Klengt op e Concert vu sengem Idol goe, war awer virun der Hal vun engem Auto ugestouss, a schwéier blesséiert ginn. Lo, nodeems d’Schanke geheelt waren, den 2.Versuch. D’Taylor hat Wand krit vun där Saach, a spontan decidéiert, dat klengt Grace Markel mat an de Backstage ze huelen, an him Saachen ze weisen, déi Otto-Normal-Fan ni ze gesi krit.