
© afp
Ganz Däitschland huet leschte Sonndeg gesinn, wéi d’CDU no hirer Victoire gedanzt huet. D’Musek dozou hunn onfräiwëlleg Die Toten Hosen geliwwert. D‘Fans hu via Twitter a Facebook Campino a Co dozou gedrängt, ze reagéieren. An d’Hosen hunn dat elo gemaach. Den Optrëtt, wou Merkel a Co op hirt Lidd “An Tagen wie diesen” gesongen hu, war, Zitat op hirer Facebooksäit „wéi en Autosaccident. Net schéin, mä t’kuckt een awer. Dat grausam virgedroent Lidd war awer ëmmer nach di mat Ofstand beschte Leeschtung, déi d’CDU a leschter Zäit vollbruecht huet“.