Britney Spears: Flop Vegas?

Virverkaf fir seng Concertsreih zu Las Vegas leeft schlecht - Investore si scho beonrouegt

Leschten Update: 25.09.2013, 10:26:45

© afp

 Et sollt déi Show-Sensatioun vun de nächsten 2 Joer ginn. D’Britney Spears live an exklusiv am „Planet Hollywood” Casino zu Las Vegas. E Milliounendeal, deen de grousse Show-Comeback fir d’Britney soll ginn. De Virverkaf leeft awer just “bescheiden”, an dowéinst ginn d’Investore lo nervös. Just ganzer 3 vun den éischte 16 Optrëtter si bis elo ausverkaft. Net wéineg Leit schwätze scho vun engem Desaster. Investoren an Responsabler waren dovun ausgaang, dass d’Tickete sech ruckzuck génge verkafen, ähnlech wéi bei den éischte Concerts-Staffele vu Céline Dion a Shania Twain. Wat net ass, ka jo nach ginn...