Boyzone: Jubiläumstour

20 Joer Boyzone, mat grousser UK-Tour, neiem Plackekontrakt a neiem Album

Leschten Update: 26.09.2013, 11:46:14

© facebook

Ronan Keating a Co feieren 20 Joer Boyzone – si ware 19x an der Top40 vun de UK Charts, hate 6 Nummer 1 Singlen a 5 Nummer 1 Albumen. Lo am Hierscht gi Boyzone a Groussbritannien, an an hirer Heemecht Irland, op grouss Jubiläumstour. D’Demande fir Ticketen ass méi héich wéi bei One Direction an The Wanted. An duerno ass nach laang net Schluss – si freeë sech op di nächst 20 Joer, soen se, an dat huet ugefaang mat engem neie Plackekontrakt bei Warner Music, a geet weider mat engem neien Album. „BZ20“, sou den Titel, wäert Enn November erauskommen.

November
28 Dublin, The O2
29 Belfast, Odyssey Arena

December
01 / 02 Cardiff, Motorpoint Arena
04 / 05 – Bournemouth, International Centre
06 Birmingham, LG Arena
08 Liverpool, Echo Arena
09 Leeds, Arena
10 Nottingham, Capital FM Arena
12 Aberdeen, AECC
14 Newcastle, Metro Radio Arena
15 Glasgow, The Hydro
17 / 18 Brighton, Centre
20 London, The O2
21 London, Wembley Arena
22 Manchester, Arena