Diddy: Räichsten Hip-Hopper

De Forbes Magazine presentéiert Lëscht vu räichsten Hip-Hopper - 1.Fra op Plaz 4 ass d'N.Minaj

Leschten Update: 26.09.2013, 11:49:41

© afp

Den Diddy steet op Plaz 1 vun der Forbes-Lëscht „Räichsten Hip-Hopper vum Joer“. Di leschten 12 Méint huet hee mat Musek, Vodka a Kleeder 50 Milliounen Dollar verdéngt. Op Plaz 2 kënnt den Jay-Z, mat 43 Milliounen Dollar. Alleng säin Deel mat Samsung, fir säi neien Album ze promoten, war 5 Millioune wäert. Den Dr Dre wëllt geschwënn e Musek-Stream-Sercvice lancéieren, a wäert domat wuel nach méi verdénge wéi di 40 Kopfhörer-Milliounen, déi him dest Joer Plaz 3 abréngen. Di éischt Fra am Ranking ass d’Nicki Minaj op Plaz 4 mat 29 Milliounen Dollar.