Haut ass de leschten Dag vun den Unhéierungen am Geriichtsprozess ëm den Dout vum Michael Jackson. Seng Famill fuerdert vum Concertspromoter AEG Dédommagementer an enger Héicht tëscht 900 Milliounen, an 1,6 Milliarden Dollar! Souvill hätt de King of Pop mat senger leschter Tour kënne verdéngen. Et wier fahrlässeg gewiescht, de Michael an den Hänn vum Dokter Murray ze loossen, sou d’Jacksons. Den Affekot vum AEG sot, bei allem Respekt, déi Zomm wier einfach absurd. An, si hätten de Murray guer net agestallt, an och dem Michael wahrscheinlech kee Kontrakt ginn, wa se gewosst hätten, dass dësen all Owend russesch Roulette spillt mat Medikamenter. D’Affekote vu béide Parteien halen den Owend hiren Ofschlossplaydoyer, an duerno ass et um Jury, ze decidéieren wéi de Fall ausgeet.