
© afp
D’Jessie J ass an eise Breetegrade schonn e Star, a wëllt och elo an Amerika den Duerchbroch packen. Dowéinst wäert di britesch Sängerin d’nächst Joer an d’USA plënneren. Obwuel d’Jessie mat 17 scho mol eng kuerz Zäit un der West Coast gewunnt huet, zitt et hatt awer an de Big Apple - New York wier méi wéi London. A fir dass di richteg produktiv Stëmmung opkënnt, wäert d’Jessie J eng Parti Kollege mathuelen. Hätt wéilt assuréieren, dass se alleguer iergendwéi a sengem Ëmfeld en Job kréien.