„Second Place is first loser” – den Justin Bieber ass just nach den zweet erfollegräichste Museker ënner 21 Joer. Am neie Ranking, deen de Billboard Magazine publizéiert huet, si lo One Direction virop. 2 Nummer 1 Albumen an een immens erfollegräiche Kinofilm hunn d’Borschten un d’Spëtzt katapultéiert. An dat wäert wuel och sou bleiwen – mam Simon Cowell senger Plackefirma hu se hënnt en 10 Millioune £ Kontrakt iwwer 3 nei Albumen ofgeschloss. Ofgesi vu schlechter Press, hat den Justin Bieber op Plaz 2 trotzdem e gutt Joer. Heen ass z.B. den éischten Artist ënner 19 Joer, dee 5 Nummer 1 Albumen hat an Amerika. Plaz 3 am Ranking ass fir d’Miley Cyrus – weider bekannte Nimm op der Lëscht sinn z.B. d’Lorde an d‘Cher Lloyd.