Manchester: 1 Doudegen a 4 Blesséierter bei Elektro-Event

Gestreckten Droge si wahrscheinlech d’Ursaach fir den Dout vun engem Visiteur

Leschten Update: 30.09.2013, 11:36:15

Lo de Weekend war zu Manchester a Groussbritannien den Dance- an Elektro-Event „The Warehouse Project“, wou ënnert anerem den Armand van Helden opgetrueden ass. Obwuel Droge verbuede waren, ass en 30 Joer ale Mann gestuerwen. 4 weider Visteuren hu mussen an d’Spidol ageliwwert ginn, well se wahrscheinlech alleguer di selwecht gestreckten Droge geholl haten, déi ënnert der Hand verkaaft goufen. D’Police vu Manchester mécht an dem Zesummenhang och den Opruff, dass Leit, déi sech nom Event schlecht gefillt hu, sech bei hinne mellen, oder sech am Spidol checke loosse sollen.