
Cover vum neie M.I.A. Album© afp
D’M.I.A. („Lady Marmalade“ mat C.Aguilera a Co) huet vill wëlles. An zwou Woche wäert d’Sängerin, zesumme mat Versace, e Fashion-Projet presentéieren. Wat genee, ass allerdéngs nach geheim. Ufank November kënnt dann ënnert dem Jay-UZ sengem Label Roc-Nation dem M.I.A. säi neien Album „Matangi“ op de Marché. Bis dohin ass di britesch Sängerin da wahrscheinlech am Clinch mat der amerikanescher Football Liga. An der Haltime Show vum Superbowl 2012 hat d’M.I.A. jo säi Mëttelfanger an d’Kamera gehal, an gouf dowéinst vun der Liga op 1.5 Milliounen Dollar verklot.
